Scroll Down

D'Workshopen

Hutt der Loscht, en bestëmmten Thema ze erfuerschen oder un engem besonnesche Workshop deelzehuelen, dee vu Kënschtler oder aneren Experte geleet gëtt?

De PLOMM bitt dat ganzt Joer iwwert thematesch Workshoppen un,

fir sou engem jonke Publik duerch kreativ a fantasievoll Aktivitéiten eng komplett nei Welt oppen ze leen. Verschidde Workshoppe beschäftegen sech mat den Themen aus der temporärer Ausstellung oder deenen aus dem Bam vun de Geschichten, wärend anerer sech mat Iwwerleeunge ronderëm d’Zesummeliewe befaassen. Dofir gëtt et am PLOMM speziell Raim fir zesummen ze wierken an ze diskutéieren, dorënner och ee komplett equipéiere Medienraum.