Gitt op Entdeckungsrees durch de PLOMM!
Obwuel dir eis aktuell nach net besichen kënnt, ginn mir iech hei schonn e klengen Abléck, wat iech ab 2024 bei eis am PLOMM erwaart.
Entdeckt déi verschidden Raim am PLOMM
Klotert an de Bam vun de Geschichten, wou Geschichte vun der Wuerzel bis zur Kroun erbléien a sproochlech Kompetenzen an d’Zesummeliewe gefërdert ginn. Daucht an a LOVE, eng aussergewéinlech Ausstellung, di di verschidde Forme vu Léift duerch Konscht, Spill a Selbstausdrock erfuerscht. Entfesselt är Kreativitéit an eisen thematesche Workshopen, begleet vu Kënschtler an Experten, wärend dir faszinéiert Themen erfuerscht an eenzegaarteg Konschtwierker schaaft. Entdeckt de Kompetenzlabo, en Zentrum fir Dialog, participatiivt Léieren an d’Stäerkung vu jonke Stëmme bei der Gestaltung vun eiser Gesellschaft.
Méi dozou
De PLOMM, en aussergewéinlechen Kannermusée mat enger eenzegaarteger Visioun
Daucht an ee spillerescht a beräicherend Konzept an, bei dem d‘Deelen, den Austausch an d’Reflexioun mat de Kanner am Mëttelpunkt stinn. Entdeckt d’Welt vun eisem Kannermusée, an deem et ëmmer méi ze entdecke gëtt, wéi een et op den éischte Bléck villäicht gesäit.
Entdeckt eist Konzept