KANNERMUSÉE

ENG EXPO, EE BAM, EE LABO
Scroll Down

ENG GEMEINSAM VISIOUN

EE KANNERMUSÉE

dee fir Kanner a mat Kanner geduecht ass. Eng Plaz wou Kanner spillen, entdecken, nofroen a selwer erschafe kënnen.

PLOMM EXPO

  • Fir Kanner vu 4 bis 12 Joer
  • 500m2 op zwou Etagen
  • temporär Ausstellungen

 

ALS VISITEUR

… gëtt ee vun engem Geschichtenerzieler begleed

… ass een Deel vun engem 90–minuttegen Erliefnis

… setzt ee sech spilleresch mat Installatiounen auserneen

 

AN DER EXPO

… geet et em Léift – déi eis all verbënnt

… gi mir zesummen op grouss Entdeckungsrees a fannen eraus, wat Léift fir eis an anerer bedeit

BAM VUN DE GESCHICHTEN

  • Fir Kanner vu 0 bis 12 Joer
  • 7 Meter héich Konstruktioun
  • Spillplaz-änlech Installatioun

 

ALS VISITEUR
… geet een eegestänneg op Entdeckungstour duerch de Bam
… daucht ee wärend 60 Minutten an eng aner Welt an
… gëtt een ageluede, Geschichten nozelauschteren an eegener ze erzielen

 

AM BAM
… geet et em Frëndschaft, Zesummeliewen & Imaginatioun
… tauscht ee sech op interaktiv Manéier mat aneren aus
… entdeckt een ënnerschiddlech Bléckwénkele vun anere Kanner

KOMPETENZLABO

  • Fir Professioneller aus der non-formaler & formaler Bildung
  • Erliefnis- a Formatiounszentrum fir Erwuessener
  • Formatiounen am Kannermusée oder bei Iech

 

ALS PARTICIPANT
… hëlt een u praktesche Formatiounen deel
… erschafft ee sech Formatiouns- inhalter op spilleresch Manéier
… léiert ee kreativ Methode kennen fir de Kanner hier Ausdrocksweis nieft der Sprooch ze fërderen

 

AN DE FORMATIOUNEN
… dréint sech alles em d‘Thema Participatioun vu Kanner am Alldag
… gëtt de LABO Erfarungen a Kompetenzen aus dem PLOMM op nationalem Niveau weider