Zum Buch
Virwaat d'Thema Wuelbefannen?
Den éischte Rapport zum Wuelbefanne vu de Kanner a Lëtzebuerg ass am Fréijoer 2022 vum Bildungsministère verëffentlecht ginn. Am Mëttelpunkt vun dësem Rapport stinn Analysen a Berichterstattunge vu Kanner zu hirem Wuelbefannen. Genau wéi den nationale Rapport zu der Situatioun vun de Jonken hei zu Lëtzebuerg riicht sech de Kannerbericht un Erwuessener. Eng Fro déi sech gestallt huet war wéi een den Inhalt vun dësem Rapport presentéiert sou dass d’Kanner, als Protagoniste vun dësem Rapport, och eppes doraus zéie kënnen. Sou ass et dann dozou komm, dass zesumme mam eis als Kannermusée PLOMM en Kannerbuch gemaach ginn ass, wou zwar net den Inhalt vum Rapport mee d’Thema „Wuelbefannen“ adresséiert gëtt. Dëst Buch ass an Zesummenaarbecht mat de Kënschtler Andy Genen an Eglantine Denis an Kanner aus engem C2.2 vu Wooltz entstanen an heescht « De Pinksy ass verschwonnen! ».
Rapport zum Wuelbefanne vu de Kanner a Lëtzebuerg
VIRUM LIESEN
> SECH MAM THEMA WUELBEFANNEN BEFAASSEN
An dësen éischten Aktivitéite gi Methode präsentéiert, wéi een d’Thema Wuelbefannen mat de Kanner kann opmaachen. Si kënnen all onofhängeg vun der Geschicht De Pinksy ass verschwonnen! gemaach ginn.
D’Ziler vun dësen Aktivitéite sinn:
- „Wuelbefannen“ op kannerfrëndlech Aart a Weis thematiséieren an doduerch fir d’Kanner manner abstrakt a méi gräifbar ze maachen
- Eng Selbstreflektioun bei de Kanner ureegen, wou si sech froe wat bei hinne selwer d’Quelle vum Wuelbefanne sinn
- En Austausch tëschent de Kanner erméiglechen, wou si gesinn, dass Wuelbefannen net fir jiddereen dat selwecht bedeit
- D’Kanner nolauschteren übe loossen an hire Sënn fir Empathie stäerken
1. AKTIVITEIT > Wuelbefannen ass fir mech…
Alter: 8 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 10 Minutten
Dauer: 20 Minutten
Material: 2 Behälter, Pabeier a Stëfter, ev. Sticker oder soss Deko
VIRBEREEDUNG
- 2 Glieser oder Behälter sichen
- En gemittlechen Eck ariichten
→ D’Material kann op d’Virléifte vun de Kanner ugepasst ginn, fir hiren Interessi ze stäerken. Et mëscht
zB méi Spaass mat extra Behälter a verschidde Faarwen a Gréisste Stécker Pabeier ze schaffen.
SOU GEET ET
- D’Kanner gi gefrot, ob si dat Wuert Wuelbefannen kennen. Et ass ee schwéiert Wuert, mee vläicht kënnen si roden ëm wat et geet? Am Gespréich nennen d’Kanner Saachen, déi da fir de Rescht vun der Aktivitéit als Synonym solle benotzt ginn (zB „frou sinn“, „vill laachen“, …). Et hëlleft den Ënnerscheed zum „Onwuelsinn“ ze maache fir „Wuelbefannen“ ze definéieren.
- Dann kréien d’Kanner erkläert, dass elo hir Beispiller gesammelt ginn , an zwar: An engem Glas gëtt gesammelt, wat d’Kanner frou mëscht a Wuelbefanne bei hinnen ausléist. An deem anere Glas gëtt gesammelt wat d’Kanner traureg mëscht an Onwuelsinn ausléist.
- Den Input vun de Kanner gëtt gesammelt an op Stécker Pabeier fest gehal an an dat passend Glas gestach. Entweder kënnen d’Kanner et selwer maachen oder den Erwuessene mëscht et fir si.
- Wann ee wëll, kann een de Kanner d’Chance ginn, dass d’Glieser erreechbar iergendwou stinn an nach iwwert en bestëmmten Zäitraum Ziedelen dobäi ka maachen.
2. AKTIVITEIT > Mech mëscht dat frou, well…
Alter: 4 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 5 Minutten
Dauer: 20 Minutten
Material: En Raum sou wéi en ass mat de Saachen, déi dee Moment do sinn
VIRBEREEDUNG
- Entscheeden, wou een d’Aktivitéit mëscht (all Raum oder Plaz bréngt aner interessant Objete mat sech)
- Objeten ewechhuelen, wou een net wëll dass d’Kanner se huelen (zB perséinlech oder wäertvoll Objeten)
SOU GEET ET
- D’Fro am Zentrum vun dëser Aktivitéit ass, wei eng Objete maache Kanner frou a firwat.
- Et setzt een sech zesummen an ee Krees a seet de Kanner, si hätten elo genau 10 Sekonnen Zäit fir eng Saach sichen ze goen a mat an d’Mëtt vum Krees ze bréngen, déi si frou mëscht. Doduerch, dass een hinnen sou kuerz Zäit gëtt, wielen si éischter intuitiv en Objet.
- Zréck am Krees kann all Kand een nom anere kuerz soen, firwat grad deen Objet et frou mëscht.
- Jee no Konzentratioun vun de Kanner kann een d’Übung direkt nach eng Kéier maachen, mee de Kanner bewosst méi laang Zäit ginn an hinne soen, se sollen sech gutt Gedanke maachen. Sou sinn d’Äntwerte vun de Kanner méi reflektéiert.
3. AKTIVITEIT > Wei eng Faarf huet mäin Wuelbefannen?
Alter: 6 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 20 Minutten
Dauer: 30 Minutten
Material: 1 klengen, flotte Behälter mat bësse Waasser pro Kand, Pinselen, Waasserfaarwen, en Lavabo,
ev. Stickeren oder soss Deko
BESCHREIWUNG
A dëser Aktivitéit mëschen d’Kanner hir eege „Wuelbefannen“-Faarf. Dat huet en direkten Zesummenhang
mat der Geschicht well och all Persoun aus dem Buch seng eege Faarf huet, déi Wuelbefanne bei hier
duerstellt. Wann et hinne besser geet, stralen si déi Faarf aus. Dës Aktivitéit ka viru mee och wärend oder
nom Liese gemaach ginn.
VIRBEREEDUNG
- Behälter fir all Kand besuergen
- D’Material fir d’Aktivitéit bei engem Lavabo bereet stellen
SOU GEET ET
- All Kand kritt ee Behälter an en Pinsel an d’Aufgab, fir eng Faarf zesummenzemëschen déi fir et „Wuelbefannen“ bedeit. Wann ee Kand net mat senger Mëschung zefridden ass, kann et sech frëscht
Waasser huelen a vu vir ufänken. - Wann all Kand seng Faarf gemëscht huet an zefridden ass kann et se benennen. De Numm vun der Faarf ka mat engem Sticker op de Behälter gepecht ginn.
- Als Ofschloss kann all Kand seng Faarf präsentéieren: wéi heescht d’Faarf, wéi kann een se beschreiwen, a firwat huet dat Kand grad déi Faarf geholl?
- D’Faarwe kënnen no der Aktivitéit eng extra Plaz kréie wou se all beienee stinn. Eventuell kënnen d’Faarwen och spéider nach eng Kéier an den Asaz kommen, zB wann et dorëm geet, Biller faarweg auszemolen. Sou sinn d’Äntwerte vun de Kanner méi reflektéiert.
BEIM ODER NOM LIESEN
> TEXT ANALYSE OP KANNERFRENDLECH AART A WEIS
Fir d’Thema vum Wuelbefannen duerch d’Geschicht méi gräifbar ze maachen ass et hëllefräich, den Text méi genau ze analyséieren. Déi meescht Aktivitéite kënnen all nom oder och scho wärend dem Liese gemaach ginn. Och hei gëllt erëm, dass all Aktivitéit ugepasst kann a soll ginn, fir dass se besser bei är Kanner passen. All Aktivitéit aus dësem Deel kann direkt uschléissend vum Liese gemaach ginn.
D’Ziler vun dësen Aktivitéite sinn:
- D´Geschicht „De Pinksy ass verschwonnen!“ genau ze liesen an ze verstoen (Textverständnis)
- Tëschent de Zeile liese léieren (Textanalyse)
- An der Roll vum Erzieler d´Geschicht veränneren
- En perséinleche Bezuch zu der Geschicht opbauen
- Sech an seng eegen Erfarunge selwer am Buch representéiert ze fannen
- Den Austausch tëschent de Kanner fërderen
- D’Kanner nolauschteren übe loossen an hire Sënn fir Empathie stäerken
4. AKTIVITEIT > Ween ass alles an dëser Geschicht?
Alter: 6 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 10 Minutten
Dauer: 30 Minutten
Material: Pabeier, Stëfter, ausgedréckte Figuren, ev. eppes wou et opgehaangen oder drop gepecht ka ginn.
BESCHREIWUNG
Bei dëser Aktivitéit geet et dorëm erauszefannen, wat déi eenzel Persounen an der Geschicht gemeinsam hunn
oder ebe grad net.
VIRBEREEDUNG
- Säiten aus dem Buch kopéieren, ev. op A3
- En gemittlechen Eck ariichte wou genuch Plaz ass fir zesummen op d´Blieder ze molen oder ze schreiwen
SOU GEET ET
- D’Kanner ginn als éischt gefrot, wei eng Figuren an der Geschicht virkommen. Fir déi eenzel Figuren ze visualiséiere kann ee Säiten aus dem Buch kopéieren an d´Kanner drop molen oder schreiwe loossen.
- Elo sollen d´Kanner d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun de Figuren zesummen identifizéieren. Froen, déi een hinne stelle ka sinn: Wéi géing dir déi Figuren ärer Famill an äre Frënn beschreiwen? Wat ass wichteg iwwert si ze soen? Wat mëscht all Figur eenzegaarteg? Wat ass eppes, wat eng Figur huet
oder mëscht an déi aner net? Ginn et Saachen déi si deelen? Wouranner sinn si selwecht? Firwat verstinn si sech sou gutt? - D’Gemeinsamkeeten oder d’Ënnerscheeder, déi d’Kanner nennen, kënnen si selwer opmolen oder opschreiwen an dohileeën, wou et fir si am beschte passt. Ënnerscheeder kënnen zB op d’Figure geluecht ginn, op déi et zoutrëfft a Gemeinsamkeeten tëschent de Figuren.
- Wann d´Kanner gutt schreiwe kennen an en gutt Gespréich tëschent hinnen ass kennen si och op Saache vun anere Kanner reagéieren an opbauen. Wann zB ee Kand opschreift, dass d´Figure sinn
- d’“Elleng sinn“ gemeinsam hunn, well vläicht een anert d´Kand ergänze mat „awer just am Ufank vun der Geschicht“.
5. AKTIVITEIT > Wat brauchen d’Figuren, fir sech wuel ze spieren?
Alter: 6 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 10 Minutten
Dauer: 30 Minutten
Material: je no Method
BESCHREIWUNG
Bei dëser Aktivitéit sammelen d’Kanner Iddien, wat geschéie sollt, fir dass et de Figuren aus dem Buch besser geet. Des Aktivitéit kann direkt gemaach ginn, wann déi dräi Haaptcharakter aus dem Buch virgestallt gi sinn a befiert ee weiderliest. D’Iddie vun de Kanner kënnen op verschidden Aart a Weise gesammelt ginn, zB duerch Visualisatioun wéi der Aktivitéit B.1 oder mat Glieser wéi bei der Aktivitéit A.3. Wichteg ass, dass
d’Kanner méi doriwwer reflektéiere kënnen, wou de Figuren hiert Onwuelsinn hier kënnt a wat si fir hiert individuellt Wuelbefanne brauchen.
VIRBEREEDUNG
- Material fir déi gewielte Method besuergen
SOU GEET ET
- Soubal een d´Säite gelies huet, wou d´Meedchen, de Jong an d´Wiese virgestallt gi mëscht een d´Diskussioun mat de Kanner op: Ween sinn déi dräi a fir wat geet et hinnen net gutt? Wat ass bei jidderengem geschitt, dass en sech onwuel fillt? Wat misst geschéien, dass et jidderengem besser geet? Wéi meng d´Kanner, dass d´Geschicht wieder geet – mengen si, dass et de Figuren zum Schluss besser geet oder méi schlecht? Wat mengen d´Kanner misst an der Geschicht geschéien, fir dass et de Figure besser geet?
- Jee no Konzentratioun vun de Kanner kann een sech (am Ufank) och just op eng Figur konzentréieren.
- Wann een d’Iddie vun de Kanner per Visualiséierung sammelt besteet och d’Optioun, fir d’Äntwerten unzepasse wärend dem Weiderliesen. Zousätzlech, wann d’Aktivitéit A.3 mat de Kanner gemaach ginn ass, kann een och vergläichen, ob et änlech Saache ginn, déi bei de Kanner an engem vun de Figure Wuelbefannen ausléist.
6. AKTIVITEIT > Wann ech och an der Geschicht wier, dann wier ech…
Alter: 4 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 20 Minutten
Dauer: 30 Minutten
Material: eng roueg Plaz, 1 Stull
BESCHREIWUNG
All Kand sicht sech eng Figur aus, déi et an der Geschicht wéilt sinn. „Firwat grad déi Figur?“ ass zwar d’Fro am Fokus vun dëser Aktivitéit, gëtt de Kanner awer net sou gestallt. Hei si just puer theaterpedagogesch Übungen erkläert, mee et kënne souvill zousätzlech Übunge gemaach gi wéi Loscht an Zäit ass.
VIRBEREEDUNG
- Entscheeden, wou een d’Aktivitéit mëscht an de Raum präparéieren
SOU GEET ET
- All Kand sicht sech a sengem Kapp en Charakter aus der Geschicht raus, seet awer net, wien et ass.
- Si sollen sech virstellen, wéi dee Charakter sech beweege géing an sou am Raum ronderëm goen. Beim goe kann ee Froen an de Raum geheien, fir de Kanner dobäi ze hëllefen, an zwar: „Geet déi Figur séier oder lues? Wéi kommen hier Féiss um Buedem un, beim trëppelen? Wat maachen hier Aarm beim goen?
Wou kuckt se hin? - Wann si aner Kanner begéinen, kënnen se och Moie soen, sou wéi si sech virstellen, dass dee Charakter géing Moie soen. Nom Moie goen trëppelen se wieder a kënnen engem anere Kand Moie soen.
- No enger Zäitche ginn d’Kanner gefrot, op sech déi Kanner, déi dee selwechte Charakter gewielt hunn fannen an zesumme stelle kënnen (ouni ze soen, wien si sinn!).
- Wann sech d’Kanner fonnt hunn gëtt ee Stull an d‘Mëtt gestalt an ee Charakter aus der Geschicht gewielt.
De Stull ass d’Plaz vun deem Charakter an nach fräi. Dann gëtt gefrot, wien Loscht huet, d’Plaz anzehuelen. Déi aner däerfen deem elo Froe stellen, wéi wann et de Charakter aus der Geschicht wier an d’Kand äntwert och sou. Bei dëser Übung kann een sech op eng bestëmmte Figur konzentréieren oder se all maachen.
7. AKTIVITEIT > Wéi geet d’Geschicht wuel aus?
Alter: 6 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 20 Minutten
Dauer: 60 Minutten
Material: eng (improviseiert) Bün, ev. Requisiten a Kostümer
BESCHREIWUNG
Dës Aktivitéit mëscht een, befiert d’Kanner de Schluss vum Buch gelies hunn! Et geet nämlech dorëm ze
kucken, wat fir Léisungen de Kanner afalen.
VIRBEREEDUNG
- En rouege Raum auswielen, wou een net gestéiert gëtt
- Entscheeden op et Kostümer an Objete gëtt, déi d´Kanner fir hier Improvisatioune benotze kennen
- Eng improviséiert Bün mat Méiglechkeet fir sech virdrun ze setzen ariichten
SOU GEET ET
- D’Kanner sollen elo a Gruppe vu 4 zesummegoen an d’Geschicht sou virspillen, wéi si et sech verhal hunn an hiren Schluss dobäi erfannen. Si solle just puer Minutten (7 – 10) Zäit hunn, fir sech virzebereeden an ofzeschwätzen.
- No dëser kuerzer Virbereedungszäit kann all Grupp hier Mini-Performance virdroen. All Mini-Performance soll och zäitlech op puer Minutte begrenzt sinn (3 – 5) – do am beschte mat engem Timer an engem häerden Alarm schaffen.
- Nodeem all Grupp hiren Schluss virgedroen hunn, kann een nach eng Diskussiounsronn mat de Kanner hunn. Ween fënnt wéi ee Schluss am warscheinlechsten?
8. AKTIVITEIT > Wourëm geet et an der Geschicht?“
Alter: 6 – 12 Joer
Virbereedungszäit: 5 Minutten
Dauer: 30 Minutten
Material: Pabeier a Stëfter
BESCHREIWUNG
Dës Aktivitéit mëscht een am beschten, wann scho puer anerer mat de Kanner gemaach gi sinn an si d’Geschicht gutt kennen a vill Zäit haten, doriwwer nozedenken.
VIRBEREEDUNG
- En gemittlechen Eck ariichten
SOU GEET ET
- Hei ginn einfach zesummen an der Grupp all d’Theme gesammelt, déi d’Kanner an dëser Geschicht erëm fannen. Och hei ass et hëllefräich de Kanner hiren Input ze visualiséieren. Bei all Ausso vun de Kanner kann een duerch Nofroen erausfannen, firwat dat an hiren An Thema an der Geschicht ass.
- Nodeems all d’Theme gesammelt sinn an de Kanner keng méi afale kann een sech déi gesammelt Themen ukucken an zesummen diskutéieren, wat fir ee selwer (oder d’Grupp) dat wichtegst Thema war a firwat.
- Déi wichteg Haapttheme kenne mat de Kanner weider beaarbecht ginn. Ass et zB „Frëndschaft“ kann ee weider no Medie sichen, wou dat Thema beschafft gëtt. Et kann een zB an eng Bibliothéik goen an do no Bicher sichen, wou och Frëndschaften dra virkommen oder en Film zesumme kucken, wou et em
Frëndschaft geet. Dat mëscht erëm Raum op fir méi Austausch, wou een d´Thema sou wéi et am „De Pinksy ass verschwonnen!“ behandelt gëtt mat aner Medie vergläiche kann.
D'Thema Wuelbefannen
… an alles wat domat zesummenhänkt ass net einfach, mat Kanner opzemaachen. Wuelbefannen ass en abstrakt a komplext Wuert wat dacks op „frou sinn“ reduzéiert gëtt, well d’Kanner domat meeschtens am beschte verstinn, wat gemengt ass. Bei den Aktivitéiten déi hei opgelëscht si geet et dorëm, dass ee selwer als Erwuessenen en bessert Verständnis dofir kritt, wat fir d’Wuelbefanne vun de Kanner fir si wichteg ass.
Begleetmaterial als PDF


