Eng Rees an de Mëttelpunkt vun der Äerd

Scroll Down

Op ee Bléck

Begleet déi 2 Kënschtlerinne Katrin Vierkant & Orla Kelly op eng lëschteg a kreativ Rees Richtung Mëttelpunkt vun eiser Äerd.


Fir Kanner vu 5 bis 12 Joer


Atelier zu Wooltz (Cooperations Asbl)


An der Ouschtervakanz vum 04 bis 14. Abrëll 2023

Info zum Atelier

Begleet déi 2 Kënschtlerinne Katrin Vierkant & Orla Kelly op eng lëschteg a kreativ Rees Richtung Mëttelpunkt vun eiser Äerd. Gidd mat hinnen op d’Sich no erstaunleche Planzen an bizare Kreaturen. Wat dir fir dës Rees braucht, ass är Imaginatioun fir zesummen zu kreativen Explorateuren ze ginn. Zesummen dokumentéiere mir des Entdeckunge mat Skulpturen an Toun, Pabeier a Pech, Bläistëfter a Faarwen an nach villes villes méi.

 

D‘Ateliere …

 

fannen an der
Ouschtervakanz

ëmmer vu
9h30– 11h30
statt.

 

VISUAL ART & SOUND Atelier (op zwee Deeg)

 

5 – 7 Joer 

04. & 05. Abrëll 

ODER

11. & 12. Abrell


 8 – 12 Joer 

06. & 07. Abrëll 

ODER

13. & 14. Abrëll

Umeldung & Adress

Umeldung bis den 31.03.
ënnert naomi.eiro@plomm.lu
oder per Tel. 95 83 70 862
(an der Grupp oder eenzel)


Plaz vum Atelier
COOPERATIONS Asbl
8, Gruberbeerig
L-9538 Wooltz