De Kannermusée PLOMM
De PLOMM ass Member vun Netzwierk “Hands on! – International Association of Children in Museums” (International Vereenegung vu Kannermuséen), dat an den 1990-er Jore gegrënnt ginn ass. Des Netzwierk ëmfaasst méi wéi 90 international Partnerariichtungen an huet sech als Ziel gesat, d’Perceptioun, d’Siichtbarkeet an d’Wäertschätzung vun de Kanner an de Muséen ze erhéijen. De PLOMM ass den eenzege Kannermusée hei zu Lëtzebuerg a verdankt seng Existenz dem Herbet Maly, (eemolegen Direkter vun der COOPERATIONS asbl) an der Gemeng Wolz, déi säit 2010 vu den Avantagë vun esou engem Musée a Lëtzebuerg iwwerzeegt sinn. Ausserdeem profitéiert de Kannermusée vun der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’education, de l’enfance et de la jeunesse an der Kannerhaus Wooltz asbl. D’Grënnung vum PLOMM ass virun allem d’Resultat vun de Beméiunge vum Kannerbureau Wooltz, dee säit 2012 aktiv doru geschafft huet, de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, hier Meenung an Iddie matzedeelen an des och de lokale politeschen a sozialen Entscheedungsdréier matzedeelen.
Zesummen op Aenhéicht: Kanner an Erwuessener zesummen an enger Gesellschaft
De Kannermusée fërdert d’Zesummeliewen an ënnerstëtzt säi jonke Publikum dobäi un der Gesellschaft deel ze huelen. Vir dëst Ziel ze erreechen, hëlleft de PLOMM de Kanner, hiert kritescht Denken ze entwéckelen an sech sou zu gesellschaftlechen Themen ze äusseren, di normalerweis just Erwuessene virbehale sinn. D‘Kanner ginn sou dobäi ënnerstëtzt, sech hier eege Meenung ze bilden an des och auszedrécken.
Dës Haltung ass en integrale Bestanddeel vun der Aarbecht am PLOMM, deen di jonk ënnert anerem invitéiert, mam PLOMM zesummen ze schaffen an duerch eegen Iddien de Kannermusée selwer mat ze gestalten. 2022 an 2023 lafen ënnert dem Motto „Maach Mat!“ eng sëllegen eenzel Projeten a Workshops un, di de Kanner scho virun der Ouverture vum Kannermusée d’Méiglechkeet bidden aktiv um Kannermusée matzeschaffen. Hei bitt sech hinnen zum Beispill d’Occasioun un der éischt Ausstellung am PLOMM oder den Erzielungen am Bam vun de Geschichte matzeschaffen.
Maach mat! Projeten
Duerch Konscht a Kultur eegestännegt Denke bei Kanner fërderen
Am PLOMM duerf een alles upaken, sech beweegen, sech Zäit huelen an all spilleresch Aktivitéit ausprobéieren, déi ronderëm aktuell an zukünfteg Alldagsthemen ugebuede ginn. Eng Visitt am Musée fërdert d’Kreativitéit vun de Kanner a reegt de Virwëtz an hier Virstellungskraaft un. Sou sammelen si net nëmme wäertvoll Erfarungen, mee hunn och nach Spaass dobäi. De PLOMM empfänkt säi jonke Publik a speziell op Sie gemënzte Raimlechkeeten: inklusiivt Material, ausgeluecht op en multikulturelle Publik erméiglecht et souguer schonn deene ganz klengen en Thema ze verstoen an hier perséinlech Meenung dozou matzedeele – zum Beispill duerch eng Ofstëmmung, eng Debatt oder d‘Treffe vun enger gemeinsamer Decisioun.
Entdeckt déi verschidde Raim
D’Häerzstéck vun der Aarbecht vum PLOMM-Team ass den Austausch an d’Reflexioun mat de Kanner
Dat ganzt Joer iwwer entwéckelt eist Team Projeten an Raim, di et Kanner an Erwuessenen erméiglecht, zoueneen ze fannen, sech géigesäiteg nozelauschteren an sech Auszetausche – an dat ouni Sproochebarrière, well de Kannermusée benotzt eng universell Sprooch: d’Konscht.
De PLOMM ass doriwwer eraus nationale Ressourcenzentrum ausgeluecht op d’Bedürfnisser vum non-formale Bildungssektor a Saache Kannerparticipatioun. De PLOMM deelt seng Erfarungen, déi en an der Praxis an am enke Kontakt mat de Kanner sammele konnt, mat engem breede Publikum. Duerch Bereetstelle vu praktesche Methoden, fërdert de PLOMM sou di aktiv Bedeelegung vu Kanner an eiser Gesellschaft, an dat op nationalem Niveau.
D’Konzept vum Kompetenzlabo