Scroll Down

De Kompetenzlabo

Wéi kenne mer garantéieren, dass Kanner an eiser Gesellschaft wäertgeschat ginn, fir sou mat hinnen zesummen d’Welt vu Mueren ze gestalten? Op wéi eng Manéier kenne mir si an Entscheedungsprozesser mat abezéien an si sou als vollwäerteg Bierger betruechten? Op des Froe versicht de Kompetenzlabo Äntwerten ze fannen an dat virun allem duerch experimentell a kreative Methoden.

De Kompetenzlabo beréit Institutiounen, Gemengen an aner interesséiert Persounen, féiert national participativ Projeten duerch an organiséiert Weiderbildungen zum Thema Zesummeliewen. De Kompetenzlabo riicht sech un verschidden Zilgruppe – e.a. d’Personal am Beräich vun der non-formaler a formaler Bildung, pedagogescht Personal, Elteren, Politiker – a schoult d’Participanten doran, participativ a kreativ Methoden an hirer Aarbecht mat Kanner unzewenden, mam Ziel, Wëssen ze vermëttelen an den Dialog mat dem jonke Publik unzereegen.