Scroll Down

PLOMM EXPO

Klammt an en besonneschen Zuch, deen Iech matten an d’Häerz vun eisem Planéit bréngt, op genau déi Plaz, wou d’Léift wunnt. Do verstoppt sech eng eenzegaarteg Energiequell, di d’Äerd an seng Matbewunner brauche fir ze iwwerliewen. Är Missioun? Reest mat eis dohin a belieft des Quell, fir dass se wieder spruddele kann!

Bis August 2025 ze gesinn,

LOVE ass di éischt temporär Ausstellung, di am PLOMM zu Wolz gewisen gëtt. Entwéckelt gouf se vum pedagogeschen PLOMM-Team ënnert der kënschtlerescher Leedung vun dréi internationalen Kënschtler.

Léift ass eng universell Erfarung an trotzdeem fillt sech all Léift ganz eenzegaarteg un

Duerch kënschtleresch an intuitiven Design féiert des Rees d’Kanner zu neie Siicht- an Denkweisen iwwert Léift an all hire Formen. Wärend hirer Rees wäerten si di vill verschidden Installatiounen erfuerschen an ëmmer rëm Néits fir unzepaken, unzekucken, nozelauschteren an ze spillen entdecken. Sie kennen ënnert anerem musikalesch Stécker baséierend op hiren eegenen Häerztéin komponéieren oder duerch en Bësch aus Kuschelsteng wanderen an hier Emaarmunge spieren.

D’LOVE-Ausstellung ass sou geduecht, dass Visiteuren nei Méiglechkeete kréien, wéi si iwwert Léift schwätze kennen, ouni dobäi awer onbedéngt Wieder ze benotzen, mee sech vill méi op Konscht a Spill verloosse kennen, fir sech auszedrécken.

Eng Visitt vun der Ausstellung dauert 90 Minutten a fënnt an enger Grupp an a Begleedung vun engem Mediateur statt. Mir bidden eng Mëschung aus geféierte Momenter a fräiem Spill an eiser Ausstellung un. D’Kanner kennen sou wielen, ob si eleng oder zesummen op Entdeckungsrees goe wëllen.

LOVE ass eng zäitlech begrenzten Ausstellung zu engem bestëmmten Thema, dat mat den Erfarungen am Alldag vu Kanner zesummenhänkt. Ziel vun der Expo ? Engem jonke Publik op spilleresch Manéier Themen nobréngen, di eis all betreffen.