Scroll Down

De Bam vun de Geschichten

Kennt dir iech virstelle matten an engem Musée op en risege Bam ze klammen, an en vu senge Wuerzele bis a seng Kroun kennen ze léieren? Traut dir iech och bis ganz uewen an d’Nascht ze klammen an ze kucke wat do op Iech waart? Um Wee dohin, hutt dir och Zäit Iech di verschidde Bamschuelen unzekucken di de Bam bedecken. Ee Bam mat sou ville verschiddene Schuelen, ass dat net schonn e bëssi eenzegaarteg?

Wéi de Numm et villäicht scho verréit, stécht de Bam vun de Geschichte voller Erzielungen, an dat zur Freed fir Kleng a Grouss.

Wärend déi kleng Butze mat hiren Elteren duerch d’Wuerzele vum Bam krabbelen, kenne scho méi al Kanner ob eege Fauscht bis bei de Stamm a souguer de ganze Wee bis an d’Kroun eropklammen. Op hire Wee begéinen si Matbewunner vum Bam an notze Schratt fir Schratt hier Virstellungskraaft, fir Geschichten ze erfannen, hier Gedanke mat aneren ze deen an iwwert de Begrëff vun der Frëndschaft nozedenken. Op des Manéier gi Kanner vun all Alter invitéiert, spilleresch hier Sproochkenntnisser ze entwéckelen a gläichzäiteg iwwert d’Wäerter vum Zesummeliewen ze entdecken.

Eng Visitt am Bam vun de Geschichten dauert 60 Minutten a fënnt an enger Grupp an a Begleedung vun engem Mediateur statt. Fir dass jiddereen alles ronderëm sech mat Freed a Spaass an a Sécherheet erfuersche kann, gëtt op den individuellen Tempo an op d’Wënsch vun de Kanner opgepasst.