Scroll Down

Gitt op Entdeckungsrees durch de PLOMM!

Obwuel dir eis aktuell nach net besichen kënnt, ginn mir iech hei schonn e klengen Abléck, wat iech ab 2024 bei eis am PLOMM erwaart. De Musée léit matten am Staddeel „Wunne mat der Wooltz“ zu Wolz an riicht sech u Kanner vun 0 bis 12 Joer. Dobäi ass en deen eenzegen vu dëser Zort zu Lëtzebuerg !

De Bam vun de Geschichten

Kennt dir iech virstellen matten an engem Musée op en riesegen Baam ze klammen, an en vun sengen Wuerzlen bis a seng Kroun kennen ze léiren? Traut dir iech och bis ganz uewen an d’Nest ze klammen an ze kucken waat do op Iech waart? Um wee dohin, kuckt Iech die verschidden Baamschuelen un die de Baam bedecken.


Méi Dozou

PLOMM EXPO

Klammt an en besonneschen Zuch, deen Iech matten an d’Häerz vun eisem Planéit bréngt, op genau déi Plaz, wou d’Léift wunnt. Do verstoppt sech eng eenzegaarteg Energiequell, di d’Äerd an seng Matbewunner brauche fir ze iwwerliewen. Är Missioun? Reest mat eis dohin a belieft des Quell, fir dass se wieder spruddele kann!


Méi dozou

D’Workshopen

Hutt der Loscht, en bestëmmten Thema ze erfuerschen oder un engem besonnesche Workshop deelzehuelen, dee vu Kënschtler oder aneren Experte geleet gëtt?


Méi dozou

De Kompetenzlabo

Wéi kenne mer garantéieren, dass Kanner an eiser Gesellschaft wäertgeschat ginn, fir sou mat hinnen zesummen d’Welt vu Mueren ze gestalten? Op wéi eng Manéier kenne mir si an Entscheedungsprozesser mat abezéien an si sou als vollwäerteg Bierger betruechten? Op des Froe versicht de Kompetenzlabo Äntwerten ze fannen an dat virun allem duerch experimentell a kreative Methoden.


Méi dozou